{"id":1881,"date":"2024-02-28T18:06:01","date_gmt":"2024-02-28T17:06:01","guid":{"rendered":"https:\/\/www.cas.lu\/wpress_cas\/?p=1881"},"modified":"2024-02-28T18:14:05","modified_gmt":"2024-02-28T17:14:05","slug":"championnat-indoor-2024-coque","status":"publish","type":"post","link":"http:\/\/www.cas.lu\/wpress_cas\/2024\/02\/28\/championnat-indoor-2024-coque\/","title":{"rendered":"Championnat Indoor 2024 – Coque"},"content":{"rendered":"

De leschte Weekend hunn d\u2019Athlete vum C.A.Sch\u00ebffleng gutt Resultater um Nationalen Indoor Championnat an der Coque realis\u00e9iert.<\/p>\n

Op den 800m bei den H\u00e4re konnt de Mathis Espagnet<\/strong> de Championstitel<\/strong> f\u00e9ieren. An der selwechter Cours huet den C.A.S. et f\u00e4erdeg bruecht de Podium duerch de Jory Teixeira als 2ten an de Luc Hensgen als 3ten ze besetzen.<\/p>\n

Och ob de 60m Senior woussten eis Athleten ze iwwerzeegen. Den Nikita Martynov<\/strong> g\u00ebtt mat pers\u00e9inlecher Beschtz\u00e4it Vize-Champion<\/strong>. Komplett\u00e9iert g\u00ebtt d\u00ebse Podium vum Luc Dostert als 3ten.<\/p>\n

Ob de 400m Damen wei och bei den H\u00e4re gouf et 2x eng 3te Platz. Bei den Damen duerch d\u2019Iris Foux a bei den H\u00e4re duerch de Luc Hensgen.<\/p>\n

Dat selwecht ew\u00e9i op de 400m H\u00e4ren, sollt dem Luc Dostert och nach ob den 200m H\u00e4re gel\u00e9nge wou hien d\u00e9i 3te Platz beleet.<\/p>\n

Virun e puer Wochen um Regio 4 an der Coque konnt eis H\u00e4re Staffel (Ravelino Costa – Luc Hensgen – Luc Dostert – Ben Schmit) hire Vize Championstitel vum leschte Joer op de 4x200m Verdeedegen.<\/p>\n

Den C.A.S. ass houfreg ob des Resultater a bedankt sech bei all den Athleten d\u00e9i bei d\u00ebse Meeschterschaften un de Start gaange sinn.<\/p>\n

Weider Resultater kennt dir \u00ebnnert d\u00ebsem Link fannen\u00a0Details – SELTEC Sports LA-Portal (laportal.net)<\/a>.<\/p>\n

Ausserdeem soe mir eise Jugen an deene villen Supporter vum Ver\u00e4i wou Tatkr\u00e4fteg gehollef hunn oder eis Athleten ugefeiert hunn ee grousse Merci.<\/p>\n

De Comit\u00e9 vum C.A.S.<\/p>\n

\n
\n
\n