Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Neien Héichsprong Landesrekord vum Elodie Tshilumba

Beim Meeting Envol Trophée zu Pierre Bénite (F) huet d‘Elodie TSHILUMBA mat
iwersprongenen 1,85m en neien Landesrekord am Héichsprong bei den Dammen opgestallt.

Domat huet hat seng aal Beschtleeschtung ëm 3cm verbessert.

Félicitatiounen vum CAS!


Challenge Tageblatt Indoor 2 / Kidscup

Hei fannt dier d‘Resultater vum Challenge Tageblatt 2 Indoor (an der Coque) den mir zesummen mat der FLA organiséiert hunn.

Moies haten mir an der Coque och en Kidscup organiséiert wou ronn 200 kleng Noowuesathleten (21 Equippen) deelgeholl hunn. Hei e puer Fotoen vum Kidscup: (Google Drive). Weider Fotoen sinn um Site vun der FLA zë fannen.

Insgesamt hun mir un dësem Dag iwwer 600 Kanner encadréiert (ronn 400 um Tageblatt). Daat ass natierlech nëmmen méiglech mat der Hëllef vun villen Fréiwellegen.

Dovir wëllen mir op dëser Plaatz all den Jugen an Fréiwellegen en grousse Merci soen vir hiren Asaatz. Nëmmen durch dësen Asaatz ass et méiglech sou eng Manifestatioun mat Erfoleg durchzezéihen.

Also, en ganz groussen Merci vum CAS !


E gudd neit Joer 2017 gewënscht…


 
Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all eisen Benevolen vir är Ënerstëtzung Merci soen, an hoffen dass mer och 2017 op Iech kënnen zielen.

An dësem Sënn, e gudde Rutsch !