Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Coupe des Dames / Coupe du Prince

Dësen Weekend woren d’Coupe des Dames (Dikkrech org. Celtic) an d’Coupe du Prince (Stade Josy Barthel org. CSL) um Programm.

Bei den Damen konnte mir leider nët ganz iwwerzeegen. Do sinn mir mat 1703 Punkten leider nët iwwert déi 9. an lescht Plaatz erauskomm. Dëst ass virun allem eiser schwaacher Bedeelegung geschold. Hei bleiwt sëcher déi nächst Joeren en Effort ze maachen.
Um Start vir den CAS woren:
KAUFFMANN-KIEFFER Julia, DREISBACH Marie, HEINEN Chris an BARTHELS Maïté.

Bei den Männer woren mir do schon besser opgestallt. Hei konnten mir mat Aussnahm vun der Perche an allen Disziplinnen eng Equipe bzw. en Athlet stellen. Erauskomm ass dobéi mat 13730 Punkten eng gudd 5. Plaatz; mat ronn 700 Punkten nët allzewéit vum Podium ewech.
Vir ons Faarwen woren um Start:

BARATTE Andrea, BEBON Quentin, BURGER Eric, FERNANDES DE SA Sacha, FONZI Luca, GARCIA MARTINS Tony Mickael, HENSGEN Luc, HENSGEN Gilles, HOFFMANN Steve, PAULUS Joel, PESCH Travis ,REMY Raphaël, VICTOR Stéphane, VICTOR Maxim an WEIMERSKIRCH Pierre.

Gruppenbild2

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Resultater vun der Coupe des Dames kann en hei fannen.
D’Resultater vun der Coupe du Prince kann en hei fannen.


Championnats Epreuves multiples 2015

Dësen Weekend woren d’Championnats Epreuves multiples (Mehrkampfmeeschterschaften) um Stade Josy Barthel an der Stad (org. CSL).

Bei den Juniors masculins haten mir den HENSGEN Luc um Start den mat 4974 Punkten
eng 2. Plaatz errecht huet.

Och bei den Minimes Meedecher konnen mir den Podium erreechen:
D‘KAUFFMANN-KIEFFER Julia konnt och hei mat 2945 Punkten eng 3. Plaatz maachen. Desweideren haten mir hei nach BARTHELS Maïté (Platz 8 mat 2041 Punkten) um Start.

Eis Félicitatiounen vir dës Performancen !

All d’Resultater kënnt dir hei fannen.


Meeting International 2015

Och dëst Joer wor onsen Meeting International ërem en vollen Erfolleg.
Bei herrlëchstem Wieder woren eng Reih ganz staark Performancen ze gesinn:

Aus Lëtzebuerger Siicht stëcht virun allem am Kugelstoussen emol méi den
Bob Bertemes eraus. An engem pakenden Wettkampf konnt den Bob séin
Landesrekord op 19,86m verbesseren. Gewonnen gouf d’Kugelstoussen
vum Frank Elemba mat 20,03m virum Tobias Dahm 19,93m.
Dës 20,03m bedeiten dann och neien Meeting-Rekord.

En neien Meeting Rekord wor och am Diskus ze gesinn wou den déitschen
Daniel Jasinski en Worf vun 62,88m geglëckt ass.

Am Héichsprong vun den Hären konnt den Dmitry Kroyter (ISR) mat
iwersprongenen 2,29m d’Konkurenz vir sech entscheeden. Och hei en
neien Meeting Rekord. Den Dmitry léist domat och den Ticket vir Rio 2016.
Eis Lëtzebuerger Nowuesshoffung, den Kevin Rutare konnt hei seng
perséinlech Beschleechtung op 2,17m steigeren.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all den Jugen an Fréiwellegen
en dëcke Merci soen; ouni dësen Asaatz wir et nët méiglech sou en
Meeting duerchzezéihen.

Eng ganz Reih Fotoen vum Meeting sinn hei ze gesinn.
Weider Fotoen sinn och um Site vun der FLA ze fannen. (Oppassen Copyright !)

Ob dir bei eiser Tombola gewonnen  hutt, kann en hei rausfannen.