Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnat Indoor 2026

D’Indoor-Saison huet hiren Héichpunkt fonnt: Mat enger staarker Delegatioun vun 10 Athlete war de C.A. Schëffleng (CAS) bei de nationale Meeschterschaften an der Coque vertrueden. D’Bilanz kann sech gesi loossen: 10 Medailen ënnersträiche Leeschtungen um Enn vum Dag zu Buch.

Besonnesch ervirzehiewen ass de Mathis Espagnet, deen iwwer 800m net ze schloe war. Mat enger impressionanter Zäit vun 1‘49“88 huet hien sech de Gold-Titel bei de Seniore geséchert.

Och am U23-Beräich hunn eis Athleten d’Faarwe vum Veräin héichgehalen:

  • Tom Recht huet eng formidabel Doublé gefeiert: Gold bei den U23 an d’Bronzemedaile bei de Senioren iwwer 800m (1‘55“02).
  • D’Iris Foux war eng vun de fläissegste Medaile-Sammlerinnen. Si gewënnt Gold iwwer 1500m (U23), Sëlwer iwwer 400m (U23) a packt et och bei de Senioren op de Podium mat enger Bronzemedaile iwwer 400m (59“85).
  • D’Laureen Schevers huet sech am Sprint bewisen: Gold iwwer 200m (U23) a Bronze op der 60m-Distanz (U23).
  • Weider Podiums-Plazen a staark Zäiten

    De Luc Dostert huet gewisen, dass hien zu de schnellste Leefer am Land gehéiert a séchert sech mat enger Zäit vu 07“04 d’Sëlwermedaile bei de Senioren op 60m. Och de Ben Schmit konnt iwwerzeegen a krut d’Bronzemedaile iwwer 1500m (4‘10“24) ëmgehaangen, dëst no engem staarken 800m-Laf (1‘55“66).

    All d’Resultater vum CAS am Iwwerbléck:

    • Mathis Espagnet: 800m (1‘49“88) – 🥇 Gold (Senior)
    • Tom Recht: 800m (1‘55“02) – 🥇 Gold (U23) & 🥉 Bronze (Senior)
    • Iris Foux: 1500m (4‘52“21) – 🥇 Gold (U23) | 400m (59“85) – 🥈 Sëlwer (U23) & 🥉 Bronze (Senior)
    • Laureen Schevers: 200m (27“31) – 🥇 Gold (U23) | 60m (08“34) – 🥉 Bronze (U23)
    • Luc Dostert: 60m (07“04) – 🥈 Sëlwer (Senior)
    • Ben Schmit: 1500m (4‘10“24) – 🥉 Bronze (Senior) | 800m (1‘55“66)
    • Costa Ravelino: 200m (23“55)
    • Ethan Borodkine: 200m (24“90)
    • Tim Heintz: Wäitsprong (5m55)
    • Ilaria Chlecq: 400m (63“80)

    E grousse Merci

    De C.A. Schëffleng gratuléiert sengen  Athlete fir hiren onermiddlechen Asaz a fir déi super sportlech Resultater.

    E grousse Merci geet och un eis Arbitteren an Traineren, déi de ganzen Nomëtteg an der Coque am Asaz waren, souwéi un d’Supporter vum CAS. Äert Ufeieren vun der Tribün aus huet eis Athleten zu dësen Top-Leeschtungen ugedriwwen!

    Bravo un d’ganz Equipe!

    Weider Fotoen fannt dir enner https://flaphoto.net/photogallery/