Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Meeting International 2016

Och dëst Joer woren bei onsem Meeting International ërem eng Reih staark Performancen ze gesinn. Den Highlight vum Meeting woren zweifellos d’800m Leef bei den Dammen an den Hären:

Bei den Hären wor den amtéierenden Vize-Europameeschter iwwer 800m, Marcin Lewandowski (POL) um Start. Hien konnt sech dann och duerchsetzen géint onsen Rio Olympionique Charles Grethen den sech an enger ganz couragéiser course als 2. konnt behaapten.

Och bei den Dammen en ganz staarken Plateau mat der aktueller Europameeschterin iwwer 1500m, Angelika Cichocka (POL) déi sech mat neiem Meeting Rekord an 2:04,53s konnt durchsetzen. Och hei mam Charline Mathias eng lëtzebuerger Rio Teilnehmerin um Start; d’Charline konnt sech um Enn eng 4. Plaatz sëcheren.

Eng Reih weider Meeting-Rekorder sinn nach gefall:
Iwwer 100m an 200m bei den Dammen huet Lorene Dorces Bazolo (POR) mat 11,39s bzw. 23,20s en neien Rekord opgestall. Bei den Männer huet den Everton Clarke (JAM) iwwer 100m an 10,21s den Rekord gebrach.

Sämtlech Resultater vum Meeting sinn hei ze fannen.

Bei dëser Gelegenheet wëllen mir och all den Jugen an Fréiwellegen en dëcke Merci soen; ouni dësen Asaatz wir et nët méiglech sou en Meeting duerchzezéihen.

Eng ganz Reih Fotoen vum Meeting sinn hei ze gesinn. Och hei en grousse Merci un eis Photografen.

Ob dir bei eiser Tombola gewonnen  hutt, kënnt dir hei gesinn.


Championnats Individuels 2016

Dësen Weekend woren am Stade Josy Barthel (org. CSL) déi dësjähreg national Eenzelmeeschterschaften bei den Dammen & Hären.

Dobéi konnten mir dës Podiumen mathuelen:

Am Héichsprong vun den Dammen ass d‘TSHILUMBA Elodie mat 1,66m daat 2. ginn.

Am Kugelstoussen vun den Dammen ass d‘BUSCHGENS Emilie mat 11,40m champion de la fédération ginn. Am selwechten concours ass d‘RAUSCH Florence mat 9,45m daat 4. ginn.

Am Speerwurf vun den Dammen huet d‘RAUSCH Florence mat 31,36m eng 3. Plaatz gemaach. Am selwechten concours huet d‘BUSCHGENS Emilie mat 29,51m déi 4. Plaatz ereecht.

Iwwer 800m bei den Männer konnt sech den HENSGEN Luc an 1:59,33s déi 2. Plaatz sëchern.

Weider haten mir nach um Start:

KAUFFMANN KIEFFER Julia iwwer 200m als 4. vun sëngem Vierlaaf an 28,06s
RAUSCH Florence am Diskus als 6. mat 31,46m
GOMES BARROS FURTADO William iwwer 100m als 4. vun sëngem Vierlaaf an 11,72s
GOMES BARROS FURTADO William iwwer 200m als 5. vun der Finale an 23,52s
CARVALHO FERNANDES Mike iwwer 100m als 4. vun sëngem Vierlaaf an 12,66s
REMY Raphael iwwer 5000m als 7. an 17:53,22s
BEBON Quentin am Héichsprong als 4. mat iwwersprongenen 1,90m
PAULUS Joël iwwer 800m als 9. an 2:21,51s

All d’Resultater sinn hei ze fannen.


Championnats individuels des jeunes zu Esch

Dësen Weekend bei den Championnats individuels des Jeunes zu Esch (org. FOLA) woren eng Reih vun onsen Athleten am Asaatz. Dobéi konnten mir folgend Top-3 Resultater ereechen:

  • Am Kugelstoussen bei den Minimes féminins eng 1. Plaatz vum Emilie Buschgens mat 13,26m.
  • Am Héichsprong bei den Junior féminins eng 1. Plaatz vum Elodie Tshilumba mat iwersprongenen 1,72m
  • Am Stabhéichsprong vun den Juniors masculins eng 1. Plaatz vum Baptiste Lanotte mat iwersprongenen 4,40m
  • Am Speerwurf bei den Minimes masculins eng 1. Plaatz vum Luca Brunetti  mat 39,83m
  • Am Wéitsprong bei den Minimes masculins eng 2. Plaatz vum Luca Brunetti  mat 5,83m
  • Iwwer 80m Hecken bei den Minimes masculins eng 3. Plaatz vum Luca Brunetti  an 12,86s
  • Am Kugelstoussen bei den Minimes masculins eng 3. Plaatz vum Luca Brunetti  mat 10,47m
  • Am Diskus bei den Minimes masculins eng 3. Plaatz vum Travis Pesch mat 24,33m.

All d’Resultater sinn hei ze fannen.