Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Karin Schank nei Marathon Championne

Beim dësjähregen Frankfurt-Marathon (D), den als Lëtzbuerger Marathon Meeschterschaft gewert gin ass, konnt d'Karin Schank als schnellst Lëtzebuergerin iwwer d'Ziel laafen.
Domat ass d'Karin néi Lëtzebuerger Marathon Championne !

D'Karin huet dobéi an enger Endzéit vun 02:58:08 (netto) eng néi perséinlech Beschtzéit opgestallt !

Félicitatiounen vum ganzen CAS vir dës exceptionell Leeschtung !

Detailer zum Event sinn hei ze fannen; d'Resultater sinn hei ze gesinn.


Championnats epreuves multiples

Dësen Weekend woren d'Championnats Epreuves Multiples (Mehrkampf)
am Stade op Flohr zu Grevenmacher (org. CAEG)

Bei den Meedecher haaten mir d'Buschgens Emilie (minimes) an d'Taschler Lynn (cadettes)
um Start. Bei den Hären konnten mir leider keen Athlet stellen.

D'Emilie konnt sech mat 3412 Punkten als éischt ënnert 7 Konkurentinnen durchsetzen.
D'Lynn huet mat 3622 Punkten déi 2. Plaatz ënner 5 Athletinnen ereecht.

Eis Félicitatiounen vir dës excellent Platzéierungen.

D'Resultater kann en hei fannen.


Coupe des Dames / Coupe du Prince

Dësen Weekend wor d'Editioun 2014 vun der Coupe des Dames (um Celtic)
an der Coupe du Prince (um CSL).

Bei den Dammen hun mir do mat 2858 Punkten déi 7. Plaatz vun 9 Equipen ereecht.
Leider muss een soen dass mer nëmmen mat 3 Athletinnen um Start waren, waat natirlech
e bessert Resultat onméiglech gemaach huert. D'Endresultater kann en hei fannen.


Ons Hären sinn do méi staark opgetrueden. Mier waren an der Laag bis op den Stabhéichsprong
an allen Disziplinen en Athlet ze stellen (am ganzen 10 Athleten). Ervierzehiewen bleiwt eng
Participatioun iwwer 110m Hecken vum Bebon Quentin; eng Disziplinn op der schon zënter laang
Joeren keen CAS Athlet méi ugetrueden ass. Finalement ass eng 6. Plaatz (13169 Punkten) ënnert 9
Equipen erauskomm. D'Endresultater kann en hei fannen.