Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Den CAS um Postlaf

Um Postlaf waren nieft deenen villen Leefer och vill Fräiwëlleger um Rendezvous.
Den CAS huet mat senger motivéierter Equipe, nieft nach villen aneren Fräiwëllegen,
op verschiddenen Plazen dofir gesoucht, dass d’Athleten hier Cours ënner beschten Konditiounen lafen konnten.

Den CAS seet hinnen alleguerten Merci fir hier Hëllef.

Challenge Tageblatt 2 Indoor / Kidscup

Hei fannt dier d‘Resultater vum Challenge Tageblatt 2 Indoor (an der Coque) den mir zesummen mat der FLA organiséiert hunn.

Moies haten mir och en Kidscup organiséiert wou ronn 150 kleng Noowuesathleten (23 Equippen) deelgeholl hunn.

Insgesamt hun mir un dësem Dag iwwer 600 Kanner encadréiert (ronn 450 um Tageblatt). Daat ass natierlech nëmmen méiglech mat der Hëllef vun villen Fréiwellegen.

Dovir wëllen mir op dëser Plaatz all den Jugen an Fréiwellegen en grousse Merci soen vir hiren Asaatz. Nëmmen durch dësen Asaatz ass et méiglech sou eng Manifestatioun mat Erfoleg durchzezéihen.

Also, en ganz groussen Merci vum CAS !