Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

FLA championnats nationaux indoor 2016

Bei den nationalen Indoor Meeschterschaften hun sech eis Athleten an gudder Form gewissen:

Am Héichsprong bei den Dammen konnt sech d‘Elodie Tshilumba mat iwwersprogenen 1,70m den Titel sëcheren. Am selwechten Concours huet d‘Chris Heinen mat 1,35m eng 5. Plaatz ereecht.

Iwwer 60m Hecken bei den Dammen konnt sech d‘Kany Touré an 8″93s durchsetzen an sech den Titel sëcheren.

Iwwer 60m an 200m bei den Dammen huet d‘Julia Kauffmann-Kieffer jeweils knapps d’Final verpasst. Bei den 60m ass d’Julia an 8″62s iwer den Zielstrëch gelaaf, d’200m ass d’Julia an 28″29s gelaaf.

Iwwer 60m huet den Marek Hoffmann sech mat der enger Virlaafzéit vun 7″50s vir d’Final qualifizéiert.

Iwwer 1500m huet den Raphael Remy an 4:21,37s déi 6ten Plaatz beluecht.

An der 400m A-Final vun den Hären konnt den Luc Hensgen an 51″47s eng 2. Plaatz ereechen.

Am Héichsprong bei den Hären huet sech den Quentin Bebon mat iwwersprogenen 1,91m déi 3. Plaatz gesëchert.

Iwwer 800m bei den Hären haten mer den Andrea Baratte an den Luc Hensgen um Start.
Den Luc gët 4. an 1:56,55; den Andrea kënnt als 6ten durch d’Ziel an 1:57,40.

Félicitatiounen vir dës gudd Resultater.

D’Resultater vum Championnat Indoor kann een hei fannen.


Championnats Nationaux de Marathon

Bei den nationalen Meeschterschaften am Marathon zu Iechternach woussten 2 CAS Athleten op ganzer Linn ze iwwerzeegen. Vir d’éischte kéier an der Veréinsgeschicht vum CA Schëffleng konnte mir bei den Damen wéi och bei den Hären den Champion stellen:

Bei den Damen konnt sech d‘Karin Schank an enger Zéit vun 2:57:26 den Championstitel sëcheren.

Och bei den Männer huet den Pierre Weimerskirch an 2:35:07 den Championstitel geholl.

Eis Felicitatiounen vir dës exzellent Leeschtungen !


Championnat National Semi-Marathon / Route du Vin

Bei den nationalen Meeschterschaften am Hallefmarathon am Kader vun der Route du Vin hun 2 CAS Athleten ganz staark Leschtungen gewisen:

Bei den Damen konnt sech d‘Karin Schank an enger Zéit vun 1:22.43 den Vize-Championstitel sëcheren.

Bei den Männer huet den Pierre Weimerskirch an 1:12.55 déi 3. Plaatz am Championnat errecht.

Och am Equippenklassement bei den Männer konnten mir eng gudd 4. Plaatz maachen.

Eis Felicitatiounen vir dës staark Leeschtungen !

D’Resultater zur Route du Vin an zum Championnat kann en um Site vum Event fannen.
Eng ganz Reih Photen zur Route du Vin sinn he ze gesinn.