Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Cross 3 – CSL 2022

Den 3ten Cross vun der Saison vum CSL war am Bambësch. Dëst mat e puer Ännerungen um Parkour duerch d’Ëmbau Aarbechten vun der Spillplaz.
Eis Athleten hunn sech awer och dëst Kéier gutt aus der Affär gezunn mat gudden Platzeierungen.

Hei fannt der all d’Resultater vum Cross:

PDF: Cross CSL PDF
Seltec : Cross CSL Seltec

Cross 2 – FOLA 2022

Den 2ten Cross dest Saison war dest Joer op der Fola, genauer zu Esch am Ellergronn.
Eis Athleten konnten och hei erem stuark Resultater erzielen.

Bei den Junior Fém. eng gudd 3. Plaaz vum CALMES Céline.
Sou wei och eng 3. Plaaz bei den Espoir Fém. vum BAUM Maeva.
Bei den Débutantes konnten ma dann och nach eng gudd 4. Plaaz firt WELTER Marie erreeschen.

An nach vill weider gudd Resultater vun eisen Athleten fannt der hei  Cross Fola .

 

Virtual Postlaaf 2022

Well och dëst Joer Corona-bedingt keen „realen“ Postlaaf konnt stattfannen, hun mer decidéiert beim virtuellen Postlaaf matzemaachen. Dobéi hun eng sëllechen Jonk Athleten mat hiren Elteren deelgeholl. Finalement konnten mir esou e schéinen Don un Caritas Lëtzebuerg maachen.

E grousse Merci un jiddwereen den matgemaach huet !