Den 31. Mai hun mir d’Bofferding’s Braueri zu Bascharage besicht, an konnten eis emol en Androck vun den Produiten maachen déi hei gebraut ginn. Eraus komm ass en flotten Owend mat guddem Iessen an stëmmungsvoller Ambiance. Prost!
Allgemein
Den CAS um Postlaf
Um Postlaf waren nieft deenen villen Leefer och vill Fräiwëlleger um Rendezvous.
Den CAS huet mat senger motivéierter Equipe, nieft nach villen aneren Fräiwëllegen,
op verschiddenen Plazen dofir gesoucht, dass d’Athleten hier Cours ënner beschten Konditiounen lafen konnten.
Den CAS seet hinnen alleguerten Merci fir hier Hëllef.
Maikranz um Bierg
No gudder aaler Traditioun sinn mir och dëst Joer lassgezunn vir den 1. Mai mat engem Maikranz ze feieren. Och den Péitrus haaten mer ob eiser Séit; huet hien dach pünktlech de Moien um 10 Auer sëng wéit oppen Schleisen zou gemaach…
Erauskomm ass dobéi en schéinen Daag mat guddem Iessen an flotter Ambiance.
Eng ganz rëtsch Fotoen vun dësem flotten Daag kann en hei fannen.