Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnats individuels des jeunes zu Dikkrech

Leschten Weekend bei den Championnats individuels des Jeunes zu Dikkrech (org. CAPA) woren eng Reih vun onsen Athleten am Asaatz:

  • Am Wéitsprong bei den Minimes Jongen ass den Pablo Schwickert mat 4,23m op der 14.ter Plaatz geland.
  • An der 100m Finale bei den Cadets Jongen ass den Tim Munhoven an enger Zéit vun 12,11s den 5.ten ginn.
  • Am Wéitsprong bei den Junior Jongen huet den Luc Hensgen eng 2. Plaatz gemaach.
  • An der 100m Finale bei den Minimes Meedecher huet Kany Touré an enger Zéit vun 13,10 déi 3ten Plaatz erreecht.
    An der selwechter Course ass d'Claire Hoffmann an 13,76s daat 4. ginn.
  • An der 800m Cadet Jongen Finale konnt sech den Andrea Baratte an 1:59,85s als éischten durchsetzen.
  • Am Speerwurf bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens mat 31,07m am wéitsten geworf.
  • Am Wéitsprong bei den Minimes Meedecher ass den d'Claire Hoffmann mat 4,49m op der 4.ter Plaatz geland.
  • Am Kugelstoussen bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens mat 11,49m am wéitsten gestouss.
  • Iwwer 80m Hecken bei den Minimes Meedecher ass d' Kany Touré an 12,70s daat 1. ginn; d'Emilie Buschgens an 13,50s daat 3. an d'Claire Hoffmann an 15,73s daat 9.
  • Am Héichsprong bei den Juniors Jongen ass den Quentin Bebon mat iwersprongenen 1,80m den 2. ginn.
  • Iwwer 400m bei den Junior Jongen huet den Luc Hensgen an 53,15 déi 5. Plattz erreecht.
  • Iwwer 1500m bei den Cadet Jongen ass den Raphaël Remy an 4:46,75 den 4. ginn.
  • Am Diskus bei den Minimes Meedecher huet d'Emilie Buschgens och do an 35,48m am wéitsten geworf.
  • Iwwer 800m bei bei den Cadettes huet d'Lynn Taschler an 2:29,75s eng 2. Plaatz gemaach.

Bleiwt ze soen daas sech d'Bedeelegung insgesamt bei virun allem Samsdes ganz schlechtem Wieder dach an Grenzen gehaal huet.

All d'Resultater sinn hei ze fannen.


European Athletics Team Championships zu Tbilisi (GE)

Beim den European Team Championships zu Tbilisi (Georgien) woren gléich 3 vun onsen Athleten am Asaatz:

Am Héichsprong vun den Damen huet d'Elodie Tshilumba mat 1,79m eng 2. Plaatz erreecht. Hat huet mat dëser Leeschtung en neien Junior/Espoir Rekord opgestallt an ass domat nëmmen nach 1 cm vum Landesrekord ewech !

Bei den 100m Damen huet d'Tiffany Tshilumba op en neits séin Landesrekord ëm 3/100 op 11,65s gesteigert. Hat ereecht domat eng 2. Plaatz am Generalklassement.
Iwwer 200m konnt d'Tiffany sech an enger Zéit vun 24,42s op déi 3. Plaatz setzen.

Bei den Hären iwwer 100m huet den Yoann Bebon an enger Zéit vun 10,97 déi 8. Plaatz am General gemaach. De Yoann ass och mat der 4x100m Staffel un den Start gaang; do hun Sie an der Zéit vun 42,57s eng 9. Plaatz am General erreecht.

Insgesamt konnt d'Lëtzebuerger Equipe sech op der 6. Plaatz vun insgesamt 15 Natiounen platzéieren.

Félicitatiounen vir dës exzellent Resultater !

Detailer zum Event sinn hei ze fannen; d'Resultater sinn hei ze gesinn.


Neien 100m Landesrekord vum Tiffany zu Rehlingen (D)

Waat sech schons déi lescht Méint ugedeit huet ass elo Realitéit ginn:

Beim Pfingstsportfest 2014 zu Rehlingen (D) (organiséiert vum LC Rehlingen) huet d’Tiffany en neinen 100m Landesrekord an der offizieller Zéit vun 11″68 opgestallt !

Dobéi konnt hat den 22 Joer aalen Landesrekord (opgestallt 1992 vum Véronique Linster) ëm 8/100 verbesseren.

D’Offiziell Resultater vum Meeting kann een hei fannen.

Felicitatiounen vum ganzen CAS !