Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Maikranz um Bierg

No gudder aaler Traditioun sinn mir och dëst Joer lassgezunn vir den 1. Mai mat engem Maikranz ze feieren. Och den Péitrus haaten mer ob eiser Séit; huet hien dach pünktlech de Moien um 10 Auer sëng wéit oppen Schleisen zou gemaach…
Erauskomm ass dobéi en schéinen Daag mat guddem Iessen an flotter Ambiance.

Image168
Eng ganz rëtsch Fotoen vun dësem flotten Daag kann en hei fannen.


Championnats de Relais

Bei den Championnats de Relais dësen Sonndes zu Dikkrëch (org. CELTIC Dikkrëch)
woussten eis Athleten ze iwwerzeegen an hun eng Reih Podiumen mat Heem bruecht:

  • 1. Plaatz iwwer 4 x 100m Cadettes
    (TOURÉ Kany, HEINEN Chris, BARTHELS Maïté, KAUFFMANN KIEFFER Julia)
  • 1. Plaatz iwwer 4 x 400m Cadettes
    (KAUFFMANN KIEFFER Julia, HEINEN Chris, DREISBACH Marie, EIDEN Liz)
  • 1. Plaatz iwwer 3 x 800m Cadettes
    (GUZMAN PEZZATINI Céline, EIDEN Liz, KAUFFMANN KIEFFER Julia)
  • 2. Plaatz iwwer 4 x 400m Espoirs/Seniors
    (GOMES BARROS FURTADO Willian, REMY Raphaël, BARATTE Andrea, HENSGEN Luc)
  • 2. Plaatz iwwer 3 x 1000m Espoirs/Seniors
    (REMY Raphaël, HENSGEN Luc, BARATTE Andrea)

Desweideren haaten mir nach um Start:

  • 4. Plaatz iwwer 4 x 400m Cadets
    (BRUNETTI Luca, FONZI Luca, BARATTE Vincent, PESCH Travis)
  • 4. Plaatz iwwer 3 x 1000m Cadets
    (BARATTE Vincent, FONZI Luca, BRUNETTI Luca)
  • 4. Plaatz iwwer 4 x 100m Espoirs/Seniors
    (STAMET Mike, GOMES BARROS FURTADO Willian, HENSGEN Luc, BARATTE Andrea)
  • 6. Plaatz iwwer 4 x 100m Cadets
    (FONZI Luca, BRUNETTI Luca, PESCH Travis, BARATTE Vincent)

ChRelais2016Group

 

 

Déi genau Resultater kënnt dir hei fannen.
Hei sinn nach e puer Fotoen vum Meeting.

 

 


Challenge Tageblatt Indoor 2 / Kidscup

Hei fannt dier d‘Resultater an Photoen  vum Challenge Tageblatt 2 Indoor (an der Coque) den mir zesummen mat der FLA organiséiert hunn.

Moies haten mir an der Coque och en Kidscup organiséiert wou ronn 150 kleng Noowuesathleten (20 Equippen) deelgeholl hunn.

Insgesamt hun mir un dësem Daag knapps 550 Kanner encadréiert (ronn 400 um Tageblatt). Daat ass natierlech nëmmen méiglech mat der Hëllef vun villen Fréiwellegen.

Dovir wëllen mir op dëser Plaatz all den Jugen an Fréiwellegen en dëcke Merci soen vir hiren Asaatz. Nëmmen durch dësen Asaatz ass et méiglech sou eng Manifestatioun mat Erfoleg durchzezéihen.

Also, en ganz groussen Merci vum CAS !