Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Championnat National Semi-Marathon / Route du Vin

Bei den nationalen Meeschterschaften am Hallefmarathon am Kader vun der Route du Vin hun 2 CAS Athleten ganz staark Leschtungen gewisen:

Bei den Damen konnt sech d‘Karin Schank an enger Zéit vun 1:22.43 den Vize-Championstitel sëcheren.

Bei den Männer huet den Pierre Weimerskirch an 1:12.55 déi 3. Plaatz am Championnat errecht.

Och am Equippenklassement bei den Männer konnten mir eng gudd 4. Plaatz maachen.

Eis Felicitatiounen vir dës staark Leeschtungen !

D’Resultater zur Route du Vin an zum Championnat kann en um Site vum Event fannen.
Eng ganz Reih Photen zur Route du Vin sinn he ze gesinn.


Coupe des Dames / Coupe du Prince

Dësen Weekend woren d’Coupe des Dames (Dikkrech org. Celtic) an d’Coupe du Prince (Stade Josy Barthel org. CSL) um Programm.

Bei den Damen konnte mir leider nët ganz iwwerzeegen. Do sinn mir mat 1703 Punkten leider nët iwwert déi 9. an lescht Plaatz erauskomm. Dëst ass virun allem eiser schwaacher Bedeelegung geschold. Hei bleiwt sëcher déi nächst Joeren en Effort ze maachen.
Um Start vir den CAS woren:
KAUFFMANN-KIEFFER Julia, DREISBACH Marie, HEINEN Chris an BARTHELS Maïté.

Bei den Männer woren mir do schon besser opgestallt. Hei konnten mir mat Aussnahm vun der Perche an allen Disziplinnen eng Equipe bzw. en Athlet stellen. Erauskomm ass dobéi mat 13730 Punkten eng gudd 5. Plaatz; mat ronn 700 Punkten nët allzewéit vum Podium ewech.
Vir ons Faarwen woren um Start:

BARATTE Andrea, BEBON Quentin, BURGER Eric, FERNANDES DE SA Sacha, FONZI Luca, GARCIA MARTINS Tony Mickael, HENSGEN Luc, HENSGEN Gilles, HOFFMANN Steve, PAULUS Joel, PESCH Travis ,REMY Raphaël, VICTOR Stéphane, VICTOR Maxim an WEIMERSKIRCH Pierre.

Gruppenbild2

 

 

 

 

 

 

 

 

D’Resultater vun der Coupe des Dames kann en hei fannen.
D’Resultater vun der Coupe du Prince kann en hei fannen.


Championnats Epreuves multiples 2015

Dësen Weekend woren d’Championnats Epreuves multiples (Mehrkampfmeeschterschaften) um Stade Josy Barthel an der Stad (org. CSL).

Bei den Juniors masculins haten mir den HENSGEN Luc um Start den mat 4974 Punkten
eng 2. Plaatz errecht huet.

Och bei den Minimes Meedecher konnen mir den Podium erreechen:
D‘KAUFFMANN-KIEFFER Julia konnt och hei mat 2945 Punkten eng 3. Plaatz maachen. Desweideren haten mir hei nach BARTHELS Maïté (Platz 8 mat 2041 Punkten) um Start.

Eis Félicitatiounen vir dës Performancen !

All d’Resultater kënnt dir hei fannen.