Willkommen beim Cercle Athletique Schifflange

Ons Athleten am Asaatz

Iwwert de Weekend woren e puer vun onsen Athleten am In- an Ausland am Asaatz:

Virun allem ervirzehiewen ass d’Performance vum Kany Touré; bei engem Meeting zu Montbéliar (F) ass d’Kany iwwer 100m Hecken an 14,34s iwwer den Zielstrëch galaaf. Domat huet hat sëch vir d’IAAF World Youth Championships (15.-19. Juli an Kolumbien) qualifizéiert! Bravo!

Bei engem Meeting zu Watermael-Boitsfort (B) huet d’Emilie Buschgens am Kugelstoussen (3kG) eng Wéit vun 13,85m erzielt.

Zu Gréivenmaacher bei engem Meeting ouvert courses haaten mer dës Leit um Start:

600m juniors/espoirs/seniors masculins:
1. Plaatz – Hensgen Luc  an 1‘23“15
2. Plaatz – Baratte Andrea an 1‘23“41

600m juniors/espoirs/seniors féminins:
1. Plaatz – Thomas Melissa an 1‘42“86

300m minimes/cadettes féminins:
4. Plaatz – Kauffmann Julia an 46“18


Challenge Tageblatt 5

Den leschten Samsden hun mier den Challenge Tabeblatt 5 um Bierg organiséiert.
Iwwer 240 Kanner hun bei dësem Challenge Tageblatt matgemaach. Dobéi haaten mir insgesamt 23 Kanner an denen 4 Altersklassen um Start.

D’Resultater kann een hei fannen.

Och e grousse Merci un all d’Benevolen déi eis gehollef hun dass dësen
Meeting an och d’Schëfflengerfest reibungsloos iwwer d’Bühn gaang ass.


24H Run Wiltz

Beim 24 Stonnen Equippen-Laaf zu Woltz (12/13.Juni) haaten mir eng Equipe um Start, déi och prompt eng éischten Plaatz gemaach huet. An denen 24 Stonnen ass eis Equipe ganzer 224 Tier gelaaf an huet dobéi iwwer 321km akkumuléiert !

Zesummesetzung vun eiser Equipe:

Gangolf Joel DSC05356 DSC05328
Hensgen Gilles
Hensgen Luc
Hoffmann Kevin
Hoffmann Steve
Nilsson Hakan
Schank Karin
Serafini Pir

Detailer zum Laaf kann en hei fannen.